Mir - dat sin d’Anne, Sarah an Linda, aus Lëtzebuerg, Daitschland an Frankraich. Babel Lëtzebuerg ass also elo schon multikulti, wéi sëch dat fir Lëtzebuerg gehéiert. D’Anne ass eng Doktorandin vun der Uni.lu, an widmet sech suwuel an sénger These wéi och an séngem Privatliewen der Mehrsproochegkeegt vun Lëtzebuerg. D’Sarah an d’Linda sin zwou Journalistinnen, an obwuel sie keng gebierteg Lëtzebuerger sin, wessen sie zimmlech genau, wat hei am Ländchen leeft. Wat eis zesummenbruecht huet, ass d’Loscht um Schreiwen, den Virwels fir nei Leit kennenzeléiren, mee och d’Loscht, fir di europäesch (oder bal Erasmus) Liewensphilosophie hei zu Lëtzebuerg auszeliewen.

Am Moment sin mir also just zu drai am Babel –Team vun Lëtzebuerg. Mee mir hoffen dass sech dat ganz geschwën ännert, well ab elo rekrutéiren mir ganz aktiv nei Memberen fir eist local Team.

Bas du interesséiert an hues Spass um bloggen, hues e bessen Zait an och Loscht fir nei Leit kennen ze léieren? Dann komm op eis éischt Babel-Treffen, dat mir den 5.5. am Scott's (Grund) um 20h30 organiséieren. Do kennen mir dann d’Idee vum Blog virstellen an och diskutéiren, wéi mir déi ganz Sach an Zukunft virstellen.

Bis geschwën,

Anne, Linda an Sarah