Wann aus Gréng op eemol Lénk gëtt
Ee Froebou, zéng Kategorien, een Resultat. Dat ass de Prinzip vun smartvote.lu, een neien Internetsite, deen d’Uni Lëtzebuerg am Hibléck vun den kommenden Walen virun enger Woch lancéiert huet. D’Idee ass einfach: all Bierger soll kennen op Internet erausfannen, wéi een Kandidat am Beschten bei hien passt. Mee ganz esou einfach schéngt dat am Moment awer nach net grad...
Ech sinn een Lénken. Dat ass zumindest dat, wat mir meng Analyse op smartvote.lu verréit. Mat 78 % ass den Delvaux Joel deen Kandidat, deen am Beschten op mäin eegent politescht Profil passt. Dobäi war ech ëmmer der Meenung, ech wier duerch an duerch gréng.
Op smartvote.lu kann ewell neierdéngs jidfereen sech säin politeschen Profil erstellen. Fir erauszefannen, ween dain Dramkandidat ass, muss du Froen zu 10 verschiddenen Themenberäicher beäntweren, an dann berechent den System dir, ween vun allen Kandidaten am éischten déngen Idealer entsprécht. Dëst Resultat gëtt a Form vun Prozenter ausgedréckt, an kann souwuel fir eenzel Kandidaten oder vir eng Partei méi allgemeng ausgerechent gin.
Den Prinzip vun smartvote.lu, deen de Programm “Gouvernance européenne” vun Uni.lu mat Politools.net vun Bern entwéckelt huet, kennt aus der Schwäiz. Do gëtt et esou een Internetsite schon zanter 2007. “D’Idee, vir esou een Internetsite ze erschaffen ass dohir komm, dass een festgestallt huet, dass ëmmer méi Leit Panachage tëschent méi Leschten maachen”, erkläert den Raphael Kies, een vun den Responsable vum Projet op der Uni. Et schéngt wuel, wéi wann d’Leit emmer manner informéiert sin, fir wéieng Zieler déi verschidden Parteien oder Kandidaten eigentlech astin, an och d’Tendenz hunn, einfach Leit unzekräizen, vun deenen sie den Numm schon kennen.
Smartvote soll den Bierger also hëllefen, hier Entscheedungen méi präzis an méi informéiert ze treffen. Ausserdeem wëllen seng Entweckler och d’Transparenz vun den Walen méi allgemeng verbesseren an den Interessi vun der Bevëlkerung um politeschen Liewen steigeren. Fir dass esou vill Leit ewéi méiglech dësen Tool benotzen kennen, ass smartvote.lu op véier Sproochen ausgeschafft gin: Daitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an esouguer Portugisesch. Testen kann een sech am Moment fir d’Nationalwalen an d’Europawalen.
Dat kléngt alles ganz loblech an och no engem Konzept, dat klappen kéint. Ëmmerhin hun zanter dem Start vun smartvote zu Lëtzebuerg schon bal 7000 Leit sech hiren politeschen Profil erstallt. An vlait ass och den Fait, dass den Site deelweis ganz lues ass an och emol ofsackt en Zeechen dofir, dass méi Leit interesséiert sin? Villäicht!
Mee ganz esou perfekt leeft di Saach am Moment awer nach net. Verwonnert, firwat ech ausgerechent op een lénken Kandidat gestouss sinn, hunn ech e puer méi Recherchen um Site gemat. An festgestallt, dass momentan eréischt 25 % vun den Kandidaten hiert smartvote-Profil kréiert hun. An den Witz bei der Saach ass: keen vun den aktuellen Regierungsmemberen huet bis elo säin Profil op smartvote.lu ausgefëllt! Vun der CSV huet bis elo nach keen Politiker d’Zäit fonnt, fir dëser Invitatioun ze folgen. An bei der LSAP sinn et och nëmmen 15 vun insgesamt 60 Kandidaten, déi een Profil hunn. En Zeechen dofir, dass si nach ze vill mat hirem aktuellen Regierungsbusiness beschäftegt sinn, oder esou siegessécher, dass si dat net néideg hun? Et freet een sech...
Alleng bei der DP an bei deenen Gréngen hunn sech bis elo knapp iwwert d’Halschent vun den Kandidaten agedroen. Et schéngt also net verwonnerlech, firwat d’Resultater esou munnech engem nach e bessen spuenesch virkommen.
En kléngen Trouscht: Laut dem Raphaël Kies hat smartvote och an der Schwäiz e bëssen Ulafschwieregkeeten. Während dem éischten Joer hun ganz vill Kandidaten hir Invitatioun an de Wand geschloen. Mee mëttlerweil genéisst den Internetsite e groussen Succès.
Zréck bei mäin Resultat. Villäicht muss ech mir also dach déi verschidden Walprogrammer nach eng Kéier ukucken. Interessant wier elo natierlech ze gesinn, inwiefern dass smartvote.lu wierklech en Impakt op d’Wahlen huet. Well, opwuel smartvote mir verséchert, dass meng héchsten Trefferquote mat deenen Lénken iwwerteneen stëmmt, wäert ech wuel awer gréng op mengem Wielerzieldel ukräizen...
